Coming out

Am Géigesaz zu deem wat dacks gemengt gëtt, ass de Coming Out méi ewéi nëmmen dee Moment eleng wou eng Persoun zougëtt homosexuell ze sinn. Villméi schwätze mer hei vun engem laangen Entwécklungsprozess deen alles dat beinhalt wat eben dozou féiert, datt en homosexuelle Mënsch iergendwann kann zu senger Homosexualitéit stoen. Dat heescht: sech erkennen, sech akzeptéieren a sech matdeelen.

Dës Entwécklung spillt sech op 2 Niveauën of :

  • Fir d’éischt stellt eng Persoun lues a lues fir sech fest dat se schwul, lesbesch oder eben bisexuell ass a muss kucken domadder eens ze ginn.
  • Op der anerer Säit, um gesellschaftlechen Niveau, steet en zweeten, laange Wee deen ze maachen ass. Hei muss eng homosexuell Persoun mol lues a lues léieren an der Gesellschaft an der si lieft, zu hirer Homosexualitéit ze stoën. Dat selwecht gëllt fir d’Bisexualitéit.

Et besti wuel méi Modeller zum Verständnis wat Coming Out genau heescht, mir am CIGALE baséieren eis einfachheetshalber op en 3-Phase Model:

  1. De Pré-Coming Out (dat heescht sech senger Homosexualitéit bewosst ginn an se ze akzeptéieren)
  2. De Going Out (dat ass déi Phase wou ee sech no bausse matdeelt)
  3. De Post-Coming Out (dat heescht datt een seng Homosexualitéit als Deel vu senger Perséinlechkeet unhëllt an se einfach an e Gesamt-Liewenskonzept abaut)

Mä wat heescht dat dann elo ”säi Coming Out maachen” ?

Dacks stellt en homosexuelle Mënsch am Ufank einfach mol fest datt seng sexuell Orientatioun eben aneschters ass ewéi déi vun deene meeschten. Dat brauch ganz oft immens laang an sou eng Persoun ass deen Ament och nach net bereet iwwert hir Homosexualitéit ze schwätzen a verstoppt se virun hirem Ëmfeld. Et ass och esou datt zu dësëm Zäitpunkt nach en immense Leidensdrock besteet, verbonne mat groussen Ängschten, Schamgefiller an der Suerg datt “et” erauskënnt”.

Zu dësem Zäitpunkt huet ee ganz dacks d’Gefill am Krees ze dréinen an nie en Auswee wäerten ze fannen. Et steet ee virun engem Bierg vu Suergen an Ängscht déi gréisstendeels dorober baséieren datt ee kaum u neutral an scho guer net u positiv Informatiounen zum Thema Homosexualitéit kënnt. Och steet d’Fro hei heefeg am Raum, wéi a wou, een dann iwwerhaapt kéint aner Homosexueller kenneléieren an dee Moment och eventuell de Risiko anzegoën d’Kontroll iwwert säi “Geheimnis” ze verléieren. Et ass also en hin an hir vun de Gefiller.

Iergendwann kënnt dann awer och hoffentlech de Moment wou den homosexuelle Mënsch zougëtt schwul, lesbesch oder bisexuell ze sinn. Och bei bisexuelle Leit. Dat ass dann den Zäitpunkt wou en Homosexuellen seng Natur net méi bekämpft, mä ufänke wäert sech sengëm Emfeld matzedeelen.

Dës Phase ass allerdéngs och nach eng ganz kriddeleg well en homosexuelle Mënsch hei nach extrem sensibel op Inakzeptanz reagéiert. Eng schlecht a verletzend Erfahrung oder Remarque kann hei e Coming-Outler nees ëm Joren a senger Entwécklung zeréckgeheien an all zousätzlech negativ Erfahrung mécht et muncher engem während dëser Phase ëmmer méi schwéier an heiansdo souguer ganz onméiglech fir jeemools fräi zu senger Homosexualitéit kënnen ze stoën.

Falls d’Ëmfeld awer hei positiv reagéiert, fillt en homosexuelle Mënsch sech eng éischte Kéier valoriséiert, wat him kann de néidege Courage an dat néidegt Selbstvertraue gin fir sech weidere Leit opzemaachen an esou weiderhin kënnen un enger positiver homosexueller Perséinlechkeet ze schaffen. Dat gestärktent Selbstvertrauen an e positiivt Selbstbild erlaben him seng Identitéit ëmmer méi fräi auszeliewen an sech als Homosexuelle besser kënnen ze positionéieren. Hei léiert de Mënsch schlussendlech einfach seng sexuell Orientatioun als een Deel vu ganz villen aneren a säi Liewen ze integréieren.

Et soll een allerdéngs elo net mengen, dass dës “Phasen” kloer definéiert a getrennt wieren. Dat Ganzt ass villméi als kontinuéierlechen Entwécklungsprozess ze verstoën wou alles fléissend anenaner iwwergeet. A well all Mënsch anescht ass, verleeft dat Ganzt och net d’selwecht bei jiddferengem.

D’Zäit déi den Eenzelne brauch fir säi Coming Out ze maachen, hänkt vu souvill verschiddenen Elementer of datt et hei grouss Ënnerscheeder kënne ginn. Jidderee brauch eben déi Zäit déi e brauch an et mécht och absolut kee Sënn sechhei dauernd mat aneren ze vergläichen. Méi schnell ass net besser a méi lues ass net méi schlecht. Et geet hei ëm esou eng perséinlech an intim Saach datt jidderee sech och déi Zäit gënne soll déi e fir richteg a néideg empfënd.

Eng lescht wichteg Saach déi et ze soë gëllt ass datt et vun enormem Wäert ass, während dem Coming Out eng Vertrauenspersoun ze hunn der een sech matdeele kann. E Mënsch deen nie d’Méiglechkeet huet ze schwätzen, riskéiert sech iergendwann ganz schlecht a senger Haut ze spieren. Et maach sécherlech ufanks net einfach sinn sech engem Frieme géigeniwwer, besonnesch bei sou engëm perséinlechen Thema, opzemaachen. Am Laf vun der Zäit wäert Dir awer mierke wéi gutt datt et Iech deet een ze hunn deem Dir iech uvertraue kënnt.