Infos

De schwul-lesbeschen Informatiounszenter CIGALE riicht sech virun allem u folgend Leit:

  1. a) homosexuell a bisexuell Fraën a Männer
    b) hiert sozialt Ëmfeld (Famill a Frënn)
  2. d’allgemeng Oeffentlechkeet awer virun allem Schoulen a Jugendhäiser
  3. Professioneller aus dem sozialen an edukative Beräich an dem Enseignement (Educateurën an Infirmierën, Schoulmeeschteren, Proffen an och soss Beruffer aus dëse Beräicher) mä och allgemeng jiddfereen dee Froen huet am Bezuch op eist Mandat.

Eis Haaptservicer déi mir ubidden si folgend :

  1. a) Informatioun a Berodung (punktuell oder suivi)
    b) Austausch- oder Fräizäitgruppen
    Béid Punkte kënne souwuel vun de Leit selwer, wéi awer och vun hire Frënn oder der Famill, an Usproch geholl gin.
  2. Opklärungs- a Sensibiliséierungsaarbecht an de Schoulen a Jugendhäiser (Geschlechtskrankheeten, Antidiskriminatiounsprojetën an an deem Sënn natierlech och indirekt Gewaltpräventioun).
  3. Workshopën a Seminairën fir (haaptsächlech awer net nëmmen) de soziale Secteur mat dëser spezifescher Matière vertraut ze maachen.

Mir versichen natierlech beschtméiglechst all Fro zum Thema Homosexualitéit ze beäntwerten. Deemno kënnt Dir Iech gären och mat Froen iwwert beispillsweis dat lëtzebuergescht Partnerschaftsgesetz, Geschlechtskrankheeten oder och nach Antidiskriminéierungsgesetzer un eis riichten.