D’sexuell Orientatioun

De Mënsch duerch seng Beschafenheet ass sexuéiert, dat heescht en ass esou geschaf datt en eng Sexualitéit huet déi en och ausliewt. Deementspriechend brauch en natierlech och en anere Mënsch fir seng Sexualitéit mat dësem deelen ze kënnen.

An deem Kontext ass d’sexuell Orientatioun eng perséinlech an individuell Eegenaart déi zur Identitéit vun enger Persoun gehéiert. Allgemeng definéiert d’sexuell Orientatioun all d’Méiglechkeeten fir d’Sexualitéit vum Mënsch auszeliewen a bezeechent och d’Richtung oder eben d’Orientatioun vun der den eenzelne Mënsch ugezunn ass.

Wat an dësem Kontext stéiert ass ganz dacks dat wat d’Leit verhalen. Wa mir z.B. d’Wuert “Homosexualitéit” huelen, da bleift oft nëmmen nach de Schluss hänken, nämlech d’“Sexualitéit”. Déi sexuell Orientatioun geet awer wäit doriwwer eraus wéi just nëmmen d’Geschlecht ze bestëmmen mat deem de Mënsch seng Sexualitéit deelt. Ganz am Géigendeel beinhalt d’sexuell Orientatioun och onbedéngt d’Affektioun zum Mënsch.

D’Sexualitéit gëtt och benotzt fir d’Zougehéiregkeet zu engem Grupp vu Leit ze definéieren, déi sech zum selwechten oder eben deem anere Geschlecht ugezu fillen. Am Alldag bezeechent se eng Unzéiung, en sexuellt an affektivt Behuelen. Deemno gehéiert d’Léift genau esou zur sexueller Orientatioun wéi de reng sexuellen Akt.

Homo, Bi, Hetero

D’sexuell Orientatioun vun engem Mënsch ass kee Choix an se kann och net geännert ginn. D’Verständnis vun der sexueller Orientatioun gëtt virun allem an 3 Kategorien ënnerdeelt:

  • D’Heterosexualitéit definéiert d’Unzéiung duerch dat anert Geschlecht. Dëst ass och déi heefegst Orientéierung an deemno och déi visibelst. Heiwéinst gëtt se zu Onrecht dacks och als déi “normal” bezeechent.
  • D’Homosexualitéit definéiert d’Unzéiung duerch dat selwecht Geschlecht. An der Fachliteratur kann ee noliesen, datt eng 10 % vun der Populatioun, onofhängeg vum Alter, der geographescher Situatioun, de kulturellen Originen oder dem Glawen sech vum selwechte Geschlecht ugezu fillen. D’Unzuel vun der homosexueller Populatioun ass wuel déi selwecht iwwerall op der Welt, mä d’Inakzeptanz a verschiddene Länner a Kulturkreesser mécht awer dat se net iwwerall d’selwecht visibel ass, mä éischter ënnerdréckt gëtta verstoppt liewe muss.
  • D’Bisexualitéit ass dann d’Unzéiung vun deenen 2 Geschlechter. Bisexuell ze sinn heescht awer net datt een sech net entscheede kann, mä et beschreift just d’Potential vun engem Mann oder enger Fra, sech souwuel vun engem Mann, wéi och vun enger Fra kënnen ugezunn ze fillen.