Anonym Berodung



Umeldung fir d'Anonym-Online-Berodung

Wat ass d'Anonym-Online-Berodung?

Eis Erfahrung weist eis datt et ëmmer erëm Leit ginn déi sech am Ufank net trauen fir bei eis ze kommen. Duerfir hu mir awer absolut Verständnis. Dowéinst bidde mir dann deene jéinegen déi fir d’éischt nach e bësse Courage musse gemaach kréien, eng Méiglechkeet, fir sech am Ufank fräi an anonym mat hire Suergen un eis ze riichten.

Dës Alternativen zu engem Gespréich huet zum Zweck eis fir d’éischt emol um mënschleche Plang e bësse besser kennen ze léieren, Vertrauen ze faassen a sech méi wuel a sécher a senger Haut ze spieren.
Dir verstitt also datt d’Anonym-Online-Berodung do ass, fir Leit ze begleeden déi fir sech selwer nach keng Méiglechkeet gesi, fir perséinlech heihinner op e Rendezvous ze kommen.
Wien allgemeng Froën huet, déi net als sozialpädagogësch Begleedung ze verstoë sinn, soll dëss w.e.g. als Email un eis schécken.

Mir als CIGALE sinn eng seriö Institutioun an erwaarden och datt d’Froëstellung an engem éierbare Sproochgebrauch gestallt ass. Duerfir berücksichtegt och w.e.g. folgend Punkten:

  • Fir eng Anonym-Online-Berodung an Usproch ze huelen, musst Dir e Compte schafen. Dat maacht Dir hei uewendriwwer.
  • Wann Dir eis eng Fro stellt oder Är Suerge matdeelt, da brauche mir trotz Anonymitéit e Minimum un Informatiounen fir Iech kënne weider ze hëllefen. Dacks sinn dat ganz einfach Saachen, ugefange beim Geschlecht, dem Alter, ob Dir nach an d’Schoul gitt oder schafft, well soss kënne mir eis Är Liewenssituatioun och net erdreemen.
  • Et wier och flott wann de Sproochgebrauch esou wier datt e verständlech bleift. Dir musst elo kee feelerfräie Roman schreiwen, mä mir wiere scho frou wa wéinstens Punkt a Komma an engem Saz géife stoen an dat eleng aus Héiflechkeet vis-à-vis vun deenen déi Är Froe beäntwere sollen.
  • D’Anonym-Online-Berodung ass keng Infobörse! Allgemeng Informatiounen fand Dir entweder op eisem Site, dem Site vu Rosa Lëtzebuerg www.gay.lu
    oder Dir schéckt eis eng Email mat konkretem Inhalt op kontakt.
  • Well eis Mataarbechter villsäiteg beschäftegt sinn, kann et ausnahmsweis och emol eng Kéier e bësse méi laang daueren bis mir äntwerten. Mir mussen eis jo och e puer Gedanken zu Äre Froe maachen. Am Prinzip versiche mir awer innerhalb vun 3 Deeg eng Fro ze beäntwerten.
  • Di kënnt an Ärer éischter Fro och präziséieren ob Dir léiwer vun enger Fra oder vun engem Mann berode wëllt ginn.