top of page
Diploméiert·e Erzéier·in
(oder gläichwäerteg)

Onbefristete Kontrakt (CDI) – 20 bis 28 Stonnen/Woch – CCT SAS, Carrière C4

De Centre LGBTIQ+ CIGALE, e professionnelle Service, konventionéiert an agrééiert vum Ministère fir Gläichstellung vun de Geschlechter an Diversitéit, sicht eng·e diploméiert·e Erzéier·in (oder eng gläichwäerteg Qualifikatioun) fir säin Team ze verstäerken.

Missiounen

Ënnert der Responsabilitéit vun der Direktioun an an enker Zesummenaarbecht mat der Ekipp, iwwerhëlt déi agestallte Persoun follgend Aufgaben:

  • Aktiv am Accueil vum Centre matwierken, besonnesch an der Reeboustuff, als Raum fir Accueil, Nolauschteren an Orientéierung

  • Duerchféiere vum Accueil- an ponctuellen  Gespréicher, virun enger weiderer Orientéierung bannent der Institutioun

  • Funktioun als Referent·in fir CIGALE-Communautéiten, am Kader vun der Empowerment-Strategie vum Centre

  • Iwwerhuele vun administrative Routineaufgaben, ongeféier 5 Stonnen pro Woch (am Kader vun engem Kontrakt vu 28 Stonnen)

  • Bäidroen zu engem sécheren, respektvollen an inklusiven Ëmfeld fir Beneficiair·e·n an Communautéiten

Profil

  • Ofschloss als diploméiert·e Erzéier·in oder eng gläichwäerteg Qualifikatioun

  • Obligatoresch Beherrschung vun den dräi offizielle Sproochen vum Land (Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch) souwéi Englesch

  • Kenntnisser an/oder en Interessi fir Themen am Zesummenhang mat kierperlecher Diversitéit, Geschlechtsidentitéiten souwéi sexueller an/oder affektiver Orientéierung.

  • Engagement fir d’Prinzipie vun der Gläichstellung, der Net-Diskriminatioun an dem Respekt vun de Diversitéiten, an d’Fäegkeet, dës an all uvertraute Missiounen ze integréieren

  • Selbststännegkeet a Flexibilitéit

Mir bilden

  • En onbefristete Kontrakt (CDI) vun 20 bis 28 Stonnen/Woch

  • Eng Pai no der CCT SAS, Carrière C4

  • Flexibel Aarbechtszäiten

  • D’Méiglechkeet, un innovativen Aktioune mat héijem gesellschaftlechem Impakt matzewierken

  • E wuelwollent Aarbechtsëmfeld, an enger engagéierter Ekipp

  • Notre politique d’embauche assure une égalité d’accès aux opportunités pour tous les talents. Toutes les candidatures sont accueillies et évaluées dans un esprit d’équité et de respect.

  • En cas d’embauche, un extrait de casier judiciaire n°3, 4 et 5 vous sera demandé.

  • Les informations recueillies font l’objet d’un traitement destiné à permettre au Centre LGBTIQ+ CIGALE la gestion de la demande qu’elle reçoit, conformément au règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil relatif à la protection des données à caractère personnel (RGPD).

  • les candidatures accompagnées d'un CV et d'une lettre de motivation sont à adresser à job@cigale.lu avant le 23/03/2026

  • Facebook
  • Instagram

Centre LGBTIQ+ CIGALE ASBL

IBAN LU97 0019 7555 3164 4000

BCEELULL

R.C.S Luxembourg N° F11983

©2022 by Centre LGBTIQ+ CIGALE.

bottom of page