Graduéiert·e Erzéier·in / Bachelor an de Sozial
a Erzéihnungswëssenschaften(oder gläichwäerteg)
Onbefristete Kontrakt (CDI) – 35 bis 40 Stonnen/Woch – CCT SAS, Carrière C6
De Centre LGBTIQ+ CIGALE, e professionnelle Service, konventionéiert an agrééiert vum Ministère fir Gläichstellung vun de Geschlechter an Diversitéit, sicht fir d’Verstäerkung vu sengem multidisziplinäre Team eng·e graduéiert·e Erzéier·in (oder eng gläichwäerteg Qualifikatioun).
Missiounen
Ënnert der Responsabilitéit vun der Direktioun an an enker Zesummenaarbecht mat der Ekipp, iwwerhëlt déi agestallte Persoun follgend Aufgaben:
-
Matwierken um Accueil vum Centre, besonnesch an der Reeboustuff, als professionell Ressource fir Orientéierung an Weiderleedung
-
Duerchféiere vun individuelle Begleedungen (Accompagnementer) vu Beneficiair·e·n am Kader vun de Missioune vum Centre am Beräich Support a Begleedung
-
Eng éischt Beruffserfarung, Kenntnisser oder op mannst en kloert Interessi am Beräich vun der «protection internationale» gëllen als Virdeel
-
-
Funktioun als Referent·in fir CIGALE-Communautéiten, am Kader vun der Empowerment-Strategie vum Centre
-
Ëmsetze vun Aktivitéiten a Projeten fir Kanner a Jugendlecher, besonnesch Workshops an Interventiounen an de Schoulen
-
Matwierken un der sozio-professioneller Formatiounsoffer vum Centre fir Fachleit aus de Beräicher Sozialaarbecht, medico-sozial, medezinesch souwéi formell an non-formell Bildung
-
Bäidroen zu engem sécheren, respektvollen an inklusiven Aarbechtsëmfeld fir Beneficiair·e·n, Communautéiten an d’Ekipp
-
De Centre aktiv bei ëffentlechen a communautären Evenementer vertrieden (Stänn, Pride, Mobilisatiounen, institutionell Treffen) a sech un der Promotioun vu senge Wäerter, senge Missiounen a senge Aktiounen bedeelegen
Mir bilden
-
En onbefristete Kontrakt (CDI) vu 35 bis 40 Stonnen/Woch
-
Eng Pai no der CCT SAS, Carrière C6
-
Flexibel Aarbechtszäiten
-
D’Méiglechkeet, un innovativen Aktioune mat héijem gesellschaftlechem Impakt matzewierken
-
E wuelwollent Aarbechtsëmfeld, an enger engagéierter Ekipp mat ennerschiddlechen a komplementäre Profiller
Profil
-
Ofschloss op Bachelor-Niveau an de Sozial- a Erzéihnungswëssenschaften oder eng gläichwäerteg Qualifikatioun
-
Obligatoresch Beherrschung vun den dräi offizielle Sprooche vum Land (Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch) souwéi Englesch
-
Wëssen an/oder Interessi fir Themen am Zesummenhang mat kierperlecher Diversitéit, Geschlechtsidentitéiten souwéi sexueller an/oder affektiver Orientéierung.
-
Engagement fir d’Prinzipie vun der Gläichstellung, der Net-Diskriminatioun an dem Respekt vun de Diversitéiten, an d’Fäegkeet, dës an all uvertraute Missiounen ze integréieren
-
Selbststännegkeet, Flexibilitéit a Teamfäegkeet
-
Notre politique d’embauche assure une égalité d’accès aux opportunités pour tous les talents. Toutes les candidatures sont accueillies et évaluées dans un esprit d’équité et de respect.
-
En cas d’embauche, un extrait de casier judiciaire n°3, 4 et 5 vous sera demandé.
-
Les informations recueillies font l’objet d’un traitement destiné à permettre au Centre LGBTIQ+ CIGALE la gestion de la demande qu’elle reçoit, conformément au règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil relatif à la protection des données à caractère personnel (RGPD).
-
les candidatures accompagnées d'un CV et d'une lettre de motivation sont à adresser à job@cigale.lu avant le 23/03/2026
