Empfangsagent·in / Hausmeeschter·in
Onbefristete Kontrakt (CDI) – 40 Stonnen/Woch – CCT SAS, Carrière C1
De Centre LGBTIQ+ CIGALE, e professionnelle Service, konventionéiert an agrééiert vum Ministère fir Gläichstellung vun de Geschlechter an Diversitéit, sicht eng·e Empfangsagent·in / Hausmeeschter·in (C1), fir den alldeegleche Fonctionnement vum Centre ze ënnerstëtzen an d’educativ an administrativ Ekipp ze entlaaschten.
Missiounen
Ënnert der Responsabilitéit vun der Direktioun an an enker Zesummenaarbecht mat der Ekipp, iwwerhëlt déi agestallte Persoun follgend Aufgaben:
Aufgaben am Zesummenhang mam Public (ongeféier 24 Stonnen/Woch)
-
Den Accueil vun de Persounen an der Reeboustuff assuréieren, an engem sécheren a wuelwollende Kader, an d'éducativt Personal bei der Organisatioun vun Aktivitéiten ënnerstëtzen.
-
Gestioun fir d'Op an d'Zouspäeren vum Centre, no de festgeluechte Prozeduren
Praktesch, logistesch a materiell Aufgaben (ongeféier 16 Stonnen/Woch)
-
Den Accueil an d’sozio-pädagogesch Aktivitéite virun der Ouverture vun der Reeboustuff virbereeden
-
Opriichten, Rëschten a Raumen a Botzen no der Fermeture assuréieren, als Ergänzung zu der Interventioun vun der Botzfirma
-
Logistesch Ënnerstëtzung fir de Koordinator vun der Bibliothéik Marc Grond (Etikettéieren, Opriichten, materiell Gestioun vum Ausléinen)
-
Materiell an technesch Aufgaben jee no Besoin vum Service iwwerhuelen
(verschidde Akeef, Reorganisatioun vum Raum, intern Logistik, asw.) -
Eng manuell a logistesch Hëllef bei der Ëmsetzung vun de Projeten an Aktivitéite vum Centre a senge Communautéiten.
Profil
-
Keng spezifesch Formatioun erfuerdert
-
Oppen a frëndlech am Emgang mat Leit, Zouverlässegkeet a Fäegkeet, sech un en institutionelle Kader ze halen
-
Interessi fir d’Aarbecht am sozialen a communautaire Beräich
-
Teamfäegkeet a Bereetschaft, Instruktiounen ze suivéieren
-
Selbststännegkeet bei prakteschen Aufgaben an e gutt Organisatiounstalent
-
Engagement fir d’Prinzipie vun der Gläichstellung, der Net-Diskriminéierung an dem Respekt vun de Diversitéiten, an d’Fäegkeet, dës an all uvertraute Missiounen ze verënnerlechen
Mir bilden
-
En onbefristete Kontrakt (CDI) op Vollzäitbasis (40 Stonnen/Woch)
-
Eng Pai no der CCT SAS, Carrière C1
-
En strukturéierten, forméierende a wuelwollende Aarbechtskader
-
D’Méiglechkeet, un Aktioune mat héijem gesellschaftlechem Impakt am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg matzewierken
-
En mënschlecht Aarbechtsëmfeld, an enger engagéierter, pluridisziplinärer Ekipp
-
Notre politique d’embauche assure une égalité d’accès aux opportunités pour tous les talents. Toutes les candidatures sont accueillies et évaluées dans un esprit d’équité et de respect.
-
En cas d’embauche, un extrait de casier judiciaire n°3, 4 et 5 vous sera demandé.
-
Les informations recueillies font l’objet d’un traitement destiné à permettre au Centre LGBTIQ+ CIGALE la gestion de la demande qu’elle reçoit, conformément au règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil relatif à la protection des données à caractère personnel (RGPD).
-
les candidatures accompagnées d'un CV et d'une lettre de motivation sont à adresser à job@cigale.lu avant le 23/03/2026
